Wonschkutsch

Wonschkutsch

Kreatioun Maskottchen + Krankentransport

D’feierlech Inauguratioun vum neie Krankentransport vun der Wonschkutsch!

E weidert Highlight war d’Virstellung vum neie Maskottchen, dat speziell fir d’Sensibiliséierung entwéckelt gouf – well leider mussen heiansdo och Kanner mat transportéiert ginn.

Besonnesch wäert gouf op d’Design vum Gefier geluecht, dat op Wonschkutsch hire Wonsch hin abstrakt a symbolesch gehalen ass.

D’Iddi dohannert geet wäit iwwer eng normal Gestalt eraus a erzielt eng déifgrënneg Geschicht.

E grousse Merci un d’Wonschkutsch, vir hiert Vertrauen a Chapeau vir déi Aarbechten déi dës Leit leeschten !Esou Associatiounen mussen ënnerstëtz ginn.

Hei Explikatioun zum Design: https://portal.vkaart.lu/wonschkutsch