Personalfeier Monnerech

Personalfeier Monnerech

Event Konzept

Missioun Monnerech
no 4 Méint intensiver Virbereedung hu mir mat grousser Freed d’Personnelfeier vun der Gemeng Mondercange gefeiert.
An dësem Joer hate mir erëm de Privileeg, d’Organisatioun vun der Gemengesfeier ze iwwerhuelen.
Nodeems mir mat der onvergiesslecher Casino Nuecht am Joer 2023 iwwerrascht haten, hunn mir eis dëst Joer Thema “MISSIOUN MONNERECH” iwwerluecht an hunn vir
Iwwerraschung gesuergt – eng Weltraum Nuecht mat iwwerraschende Effekter an Dekoratiounen.
Schonn d’Invitatioune waren aussergewéinlech gestalte, wéi op de Fotoen ze gesinn ass – mat de gestachene Spigelbrëller an holografescher Schrëft.
Gäscht goufen op der Inviatioun dorop opmierksam gemaach: “Fir är eege Sécherheet biede mir Iech, de Schutzbrëll matzehuelen.“

Den Héichpunkt vum Owend war ouni Zweiwel de virtuelle Rakéitestart op engem Groussen LED-Schierm, begleet vu spektakuläre Liicht a Spezialeffekter, “duerch d’Hellegkeet vum Start goufen d’Leit opgefuerdert 60 Sekonne virum Start de Brëll unzedoen.

“D’Verwandlung vun der Monnerecher Sportshal ass net ze iwwersinn.
E grousse Merci un all déi, déi zu dësem onvergiesslechen Owend bäigedroen hunn et war mir eng Éier.
Eis Deejays hunn den Owend meeschterhaft begleet an den Danzbuedem extrem Fréih am Owend zum Biewe bruecht.
D’erfollegräich Zesummenaarbecht tëscht de Verantwortleche vun der Gemeng Monnerech an NEAN Sound&Design “déi oft mussen duerhalen vir déi deels mei verreckten Konzepter 🙂 war erëm eng grouss Erfollegsgeschicht!
MERCI, Monnerech.